E musikaleschen Danz mat der Heischter Musik

D’Thema „Danzen“ stoung um leschte Samschdeg am Januar zu Heischent am Centre culturel am Vierdergrond wéi d’Heischter Musik op hiren alljärleche Galaconcert invitéiert hat. Virun méi wéi 300 Spectateuren konnten déi ronn 50 Musikanten aus dem Klengen a Groussen Orchester hiert Kënnen ënner Beweis stellen.


D’Concertsrees, déi de Publikum mat op eng klangvoll Weltrees geholl huet, huet am Orient mat „Dance from the East“ an „Arabian Dances“ ugefaangen. Duerno ass et mat de bekannten „Hungarian Dances“ vum Johannes Brahms virugaangen, éier et beim „Tanz der Vampire“ an Transsylvanien düster‑dramatesch gouf. Vun do aus goung der Heischter Musik hir Rees a Richtung Karibik virun, wou mat „Havana Nights“ an „Dominican Dance“ fir eng frësch a rhythmesch lieweg Final gesuergt gouf.


An der Halschent vum Concert a nom Haaptstéck vum Owend – der „Symphonic Suite from The Lord of the Dance“ mat hire méi wéi 20 Minutten Spillzäit – haten Musikanten sech eng verdéngte Paus gegënnt.


A senger Schlussried huet de President Georges Weyer dovu profitéiert fir souwuel de Musikanten mat hirer Dirigentin Elise Berkel, grad wéi och de Gemengeresponsabelen an de Sponsoren alleguer ee grousse Merci auszedrécken fir déi gutt Aarbecht an Ënnerstëtzung bei der Organisatioun vun dësem Event.


Wéi et sech fir en erfollegräiche Galaconcert gehéiert, gouf d’Heischter Musik nach zu zwou Zugaben erausgefuerdert. Eréischt dono konnten d’Musikantinnen a Musikanten de Concert gemittlech ausklénge loossen an zesumme mat engem Patt op dëse gelongene Galaconcert 2026 ustoussen.