Generalversammlung Luxembourg à Cheval asbl

29
Mär
2023
29 Mär

E Freideg den 24.03.23 hat Luxembourg à Cheval séng Generalversammlung. No der Begréissung duerch d'Präsidentin ilona Balogh gouf eng Gedenkminutt fir di Verstuerwen gehalen. Duerno ass zeréckgekuckt ginn op den Tour 2022, den éischten "normalen" Tour no der Corona Paus. Den 56. Tour de Luxembourg mat onsen Päerd huet ons am August lescht Joer vun Mäerzeg op Wolz, a weider iwwer Munzen op Hëpperdang gefouert. Den Ofschloss war zu Huldang am Reitstall K-Stables. Iwwerall goufen mir mat Freed opgeholl, d'Wieder huet matgespillt an ons Guiden haten erëm ganz schéin Weeër erausgesicht, wat vill Aarbecht ass a wou esou munch Weekender drop ginn.

D'Finanzdaten goufen vun onsem Keessjee André Klein virgedroen an hien konnt e positiven Bilan virweisen.

Dëst Joer stoung d'Neiwal vun den austriedenden Memberen Steve Hames, André Klein an Annick Schalbar un, an si goufen eestëmmeg erëmgewielt. D'Tamara Simon ass aus dem Comité ausgetrueden a gouf vum Jean-Marie Simon ersat.

Den 57. Tour de Luxembourg à Cheval, den vum 12.-17. August stattfënnt, ass virgestallt ginn a féiert ons vun Huldang op Buerg Reiland, vun do op Léiler an de Schluss ass zu Housen.

Als leschte Punkt op der Dagesuerdnung stoung dee gesellegen Deel, et gouf e klenge Maufel an e gudde Patt bei gewinnter gudder Stëmmung.

Wann Dir interesséiert sidd eng Vakanz mat Ärem Päerd ze machen, oder och nëmmen 1 oder 2 Deeg wëllt schnupperen kommen, fannt Dir Informatiounen a Fotoen op onser Websäit www.luxembourgacheval.jimdofree.com.

Zousätzlech Froen kritt Dir beäntwert iwwert ons e-mail Adress tdlcheval@pt.lu.

Mir freeën ons iwwert all nei Gesiichter a Päerd.