D'Heesdrefer Kanner hunn an der Fueszäit fir den gudden Zweck gesammelt

D'Zäit vun der Fuesent ass eng geckeg a lëschteg Zäit. D'Kanner vun Heesdref hunn also hire flotten Fuesostüm aus dem Schaaf geholl, a sinn am Duerf ophiewe gaangen. Si hunn hir Kollekt awer net fir sech gehalen, mee si hunn un d'Kanner geduergt deenen et de Moment net esou gutt am Liewe geet. D'Fondatioun Kriibskrank Kanner huet ee Scheck mat där formidabeler Zomme vu 428€ vun deene klenge Fuesboken iwwerreecht kritt. www.fondatioun.lu