Kapell vun Heeschpelt

Heeschpelt


Heeschpelt läit mat senge 75 Awunner am südlechen Éislek, ronn 47 km vun der Stad. (Et hat 1848 gutt 50 Leit méi.) Taxometere kalkuliéieren d’Distanz Lëtzebuerg-Heispelt-lès-Wahl enger Pub no op 48.3 km, eng Fuerzäit vun 42 Minutten an e minimale Präis vun 140 Euro.


D'Kapell zu Heeschpelt ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Atertdall Sainte-Claire, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Wal gehéiert.


D'Kapell ass de Véierzéng Nouthëllefer geweit, deenen hiert Fest de 27. Abrëll gefeiert gëtt.


D'Kapell steet am Duerfzentrum an der Kierchestrooss (rue de l'église), nieft der Schoul. Virun der Kapell, nieft dem Agank, steet e Weekräiz.


Zur Par Randschelt gehéieren ausser der Kapell vun Heeschpelt och nach d'Parkierch vu Randschelt, d'Filialkierch vu Kéiber an d'Filialkierch vu Gréiwels.