Traditionell huet d'Generalversammlung vum DT Helleng nom Ofschloss vun der dësjäreger Saison an der lokaler Hal stattfond. Dem Präsident Luc Meyer war et eng Éier fir iwwer 30 aktiv Memberen an den sportlech ewéi kulturell begeeschterten Gemengescheffen Carlo Heuertz ze begréissen an hinnen Merci ze soen fir hiert exemplarescht Engagement wärend der vergaangener Saison. Duerch en gutt Verhältnis vun gestanenen Spiller an enger grousser Unzuel vun Jugendspiller gesäit d'Zukunft vum Veräin ganz villverspriechend aus.
Um sportlechen Plang stécht dëst Joer virun allem den Opstig vun der éischter Equipe an déi 2 Divisioun an d'Aen. Nodeems d'lescht Joer den Keessier fir 30 Joer Aktivitéit geëert konnt ginn, war et dëst Joer um Fernand Gilles an um Jill Degreef déi fir 30, respektiv 20 Joer Vereinstätegkeet konnten ausgezeechent ginn. D'Sekretärin Sandy Hansen konnt an engem kuerzen Referat op den gutt gefëllten Aktivitéitsplang zréck kucken. Ausser den sportlechen Aktivitéiten huet den Veräin mat enger anstänneger Delegatioun un sämtlechen Feierlechkeeten an der Gemeng participéiert.
Op seng gewinnten Aart an Weis huet den Keessier Laurent Holtzem op déi gesond Keessesituatioun higewisen an sämtlech Keessenoperatiounen am Detail beliicht.
Uschléissend goung den Trainer Gérard Ruppert an engem extrem detailléierten Réckbléck op déi vergaangen Saison an, woubäi den ganz intensiven Trainingsbesuch vun deenen iwwer 20 Jugendspiller erfierzestreichen war.
Bei den Comitéswaalen gouf d'Isabelle Flies duerch den Tom Feis ersat.
No dem traditionellen Schlusswuert vum Gemengescheffen den den Veräin gelueft huet, gouf den Owend bei engem gudden Patt an engem Ofschlossiessen auskléngen gelooss.