Rechtzäiteg virun der grousser Vakanz gouf zu Helleng no bei der Cité Bourbierg eng flott ëffentlech Spillplaz ageweit. Ronn 40 Joer no dem Amenagement vun dem Bourbierg an no dem ganz rezenten Bau vun enger ugrenzender Cité an der Schoulstrooss, esou wéi foussnoo vun der lokaler Crèche, koum den Bau vun dëser Spillplaz genau zum richtegen Moment. Nodeems d'Kanner ëmmer manner d'Niewestroossen fir ze Spillen kenne benotzen, ass d'Uleeën vun ofgegrenzten Spillplazen ëmsou méi wichteg, wou d'Kanner kenne an engem sécheren Ëmfeld an bei enger labberer Atmosphär sozial Aktivitéiten ausüben, egal wéi verschidden d'Kanner sinn.Da nei vun der Gemeng an ënner der Opsicht vun enger Architektin naturgetrei ugeluechten Spillplaz erméiglecht et den Kanner hiren Beweegungs-, Entdeckungs-, an Fuerschungsdrang, onofhängeg vun hirem kierperlechen Zoustand ze pfleegen an auszebauen. Hei kenne d'Kanner bei Spill a Spaass hier kierperlech Koordinatioun, Kraaft an Flexibilitéit weider entwéckelen an gin esou op d'Gesellschaft virbereet.D'Spillplaz, déi souwuel vun der Schoulstrooss als ewéi vum Bourbierg zougänglech ass, gouf mat engem Urwald änlechen Kloterdeel versinn, den mat Déierefiguren garnéiert ass. Eng Picknick Plaz, vill Beem an Planzen esou ewéi eng anstänneg Zuel u Bänken lueden d'Elteren zum Ausrouen an.Vielleicht kënnt zu engem spéideren Zäitpunkt nach een klengen Ënnerdaach derzou, wou d'Elteren an d'Kanner kenne Bicher an Spiller déi si net méi benotzen astellen fir dass si vun aneren Elteren wärend hirem Openthalt kenne gelies ginn.