D'Por Wëntger, Sainte Famille hat op Martinsdag häerzlich invitéiert fir mat enger Massfeier zum Jubiläum van 250 Joer Helzer Kierich St.Martin deelzehuelen.
Den Afang van der Mass koumen d'Kanner mat hire Lanteren an Kierich. D'Begréissung mat engem geschichtliche Réckbléck gouf vam Paschtouer Henri Hamus virgedroen,. D'feierlich Mass hat den Här Weihböschof Leo Wagener zelebréiert, zesamen mam Paschtouer Lubomir Fabcin, an mam Paschtouer Michael Müller.
Fir de musikalischen Encadrement haten de Kannerchouer an d'Chorale Helzen-Houfelt-Weiler gesuarrigt.
D'Schlusswuert mat villen Merci'en hat den Carlo Toutsch, Member van der Pastoraléquip ausgeschwat. Dëse Wierder hat sich de Buergermester Lucien Meyers ganz häerzlich ageschloss.
Zum Afschloss van der Feier ass op den Éierewäin mat enger klenger Agape an dem fréiere Molkerei's Sall invitéiert gien.