Gëllend Priisterjubiäum fir Henri Hamus an der Heemechtskirch zu Helzen

Viru kuerzem huet den Här Paschtouer Henri Hamus mat enger Danksagungsmass säin Gëllend Priisterjubiläum an der Kirch zu Helzen am Krees vun senger Famill, Frënn a Bekannten gefeiert. D' Mass gouf verschéinert vun der Männerchorale Helzen-Houfelt-Weiler. No der feierlecher Mass huet de Gig Schmit, Präsident vun der Chorale, op déi 50 vergange Joeren mat engem gudd gefëllten an erfollëgräichen Reckbléck zréck gekuckt. De Buergermeschter Lucien Meyers huet och am Numm vun der ganzer Wëntger Gemeng déi beste Gléckwënsch mat enger gudder Gesondheet iwwerbruecht, an huet zu dësem Ulass een grousse Merci fir d'Arbecht a Wierken dem Här Paschtouer Henri Hamus ausgesprach.

Am Veräinssall zu Helzen huet dono eng Rezeptioun stattfond.