Ofschlossfest virun der Summerpaus

E Mëttwoch den 09. Juli gouf ausnahmsweis mol keng Prouf gehaalen, mee de Komite vun der Chorale huet op dat alljährlecht Ofschlossfest vun der Saison invitéiert, ier et an déi wuelverdéngte Summerpaus goung. Mme Tessy Hau, Presidentin, huet e puer Wuert gesoot, an ee grousse Merci un de Chef, den H. Tom Osborne an un de Chouer fir hieren Asatz geriicht, ier et mam Apéritiv, engem gudde Maufel an engem gudde Pättchen d'Saison ofgeschloss gouf. No der Summerpaus fänken Prouwen nees de 17. September 2025 un. Hu dir Freed um Sangen, matt enger motivéierter Equipe, da si dir häerzlech wëllkomm. An eisem Répertoire stinn souwuel reliéis, ewéi och weltlech Stécker. Prouwe sinn ëmmer Mëttwochs, vun 19:30 - 21:30 Auer, am Veräinsbau zu Hemstal. Kommt einfach an déi éischt Prouf luussen.

Fir de Chouer vun Hemstal-Biwer Nicole Koob-Engeldinger