D’Nokomme vun der Famill Gerges-Schneider vu Welleschten treffe sech zu Hinkel.

Op Initiativ vum Gilles Gerges a Jean-Paul Soisson-Gerges hu sech d’Nokomme vun der Koppel Pierre a Marie Gerges-Schneider den 8. Juli zu hierem traditionnelle Familljefest zu Hinkel am Kulturhaff Millermoler getraff, wou si e flotten Dag zesumme verbruecht hunn.Bei engem gudden Iessen zerwéiert vun der Urenkelin Isabelle Schilz-Becker goufen e sëllech Familljenerënnerungen ausgetosch.