Centre d'Incendie et de Secours Habscht spend fir denn gudden Zweck

Ganz houfreg kann den Centre d'Incendie et de Secours vun Habscht op den Montant vun 6.000€ sinn. Deen hunn si op hirer Generalversammlung konnten un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner iwwerreechen.

All den Leit déi matgemaach hunn, en risegen MERCI fir déi Solidaritéit. Och hiren Kolleegen vun der Amicale Pompjeeën Greisch-Roodt-Simmer en extra Merci fir hiren Beitrag.

Dës Aktioun ass just méiglech gewiergt, wéinst der Ënnerstëtzung an Zesummenaarbecht mat hirem laangjäregen Partner Kirsch, Le Boucher an dem Giftshop Kirsch by Nicole. Dofir och dem Nicole&Guy en groussen MERCI! www.fondatioun.lu