Pompjeesfrënn Holler-Bënzelt-Bréidelt spillen Theater "Zodi bei Vollmound"

Mam löstigen Dräiakter "Zodi bei Vollmound" vum Wolfgang Bräutigam hann d'Pompjeesfrënn van Holler-Bënzelt-Bréidelt vira Kuerzem op hir traditionell Theaterowender am Sall zu Holler agelaaden.

Dëst Joer stung d'Theaterstéck ganz am Zeeche vam Vollmound. De Bauer Mëchel krut van enger Hellseherin profezeit dat genau dëss Dreem bei Vollmound géifen an Erfëllung goen. Beim nexte Vollmound kann keen hien dovan afhaalen, a versicht den aneren Dag ganz am Géigesaz vu senger Fra, dësen Dram ëmzesetzen. Eréicht wéi d'Fra vum Bauer wéinst senge neiste Fanatsien d'Scheedung areeche wëll, versicht d'ganz Famill de Bauer aus sengen Dreem zu erwechen. Wéi wuel dësen Dram zu Enn gung....