🎿 Dat éischt Skilager vun den HoGa Scouten & Guiden ass gestart 🏔️
Mat grousser Freed an enger gesonder Portioun Opreegung sinn d’HoGa Scouten & Guiden ob hieren alleréischten Skicamp gestart. Fir d’Grupp ass dëst net nëmmen eng Rees an de Schnéi, mee e Meilesteen an der Geschicht vum Veräin.
No ville Méint Virbereedung, Organisatioun a logistesch Planung war et endlech esou wäit: D’Kanner Tembo an Cheffen hunn sech fréi moies op de Wee gemaach, voller Erwaardung op dat, wat si an de Bierger erwaart.
Mat gepackte Valissen, Skiausrüstung an enger riseger Motivatioun ass d’Rees an d’Abenteuer offiziell ugaangen.
Am Fokus vum Skilager steet natierlech de Sport. Fir vill vun de Kanner ass et déi éischt Kéier op Skier, fir anerer eng Méiglechkeet, hir Fäegkeeten ze verbesseren. Nieft dem Léiere vun der richteger Technik geet et awer virun allem ëm Zesummenhalt, Teamgeescht an d’Erfarung, sech géigesäiteg z’ënnerstëtzen – Wäerter, déi am Scoutismus eng zentral Roll spillen.
Och nieft der Piste wäert et net langweileg ginn. Gemeinschaftlech Aktivitéiten, Owender mat Spill a Reflexioun, an d’Liewe zesummen an der Ënnerkonft droen dozou bäi, datt d’Kanner Selbststännegkeet, Verantwortung a Respekt entwéckelen.
Fir d’Cheffen ass et eng besonnesch Freed, dës Entwécklung ze begleeden an zesumme mat de Jonken onvergiesslech Momenter ze erliewen.
Dësen éischten Skicamp steet symbolesch fir de Courage, nei Weeër ze goen an als Grupp weider zesummenzewuessen. D’HoGa Scouten & Guiden hoffen op eng sécher, sportlech a virun allem erfreelech Zäit am Schnéi – mat ville Laachen, vläicht e puer Muskelkater, mee virun allem mat Erënnerungen, déi laang bestoe bleiwen.