Den Paul Heuschling ass Nofolger vum Carlo Hansen als President vun der Fondation Jeunes Scientifiques Luxembourg
No siechzéng Joer als President huet de Carlo Hansen de Staffelstaf un de Paul Heuschling weidergereecht, e Wëssenschaftl, deem seng Erfarung an Siichtweisen ideal sinn, fir d’Bestoen an d’Entwécklung vun der Fondatioun ze sécheren.
Ënnert der Presidence vum Carlo Hansen huet d’Fondatioun eng bedeitend Transformatioun erlieft an sech als ee vun de wichtegsten Evenementer fir jonk Wëssenschaftler am Land etabléiert. Mat senger Leidenschaft an sengem onermiddlechen Asatz huet hien d’Entfalung vu villen jonken Talenter gefërdert an domat de positiven Impakt vun der Fondatioun gestäerkt. D’Stëftung seet him e grousse Merci fir seng Joren als President, déi geprägt waren vun Visioun an Leidenschaft.
Haut schléit d‘Fondatioun eng nei Säit op mat der Presidence vum Paul Heuschling, engem erfarenen Wëssenschaftler an bis elo Vizepresident vun der Fondatioun. Seng Erfarung aus verschiddenen Verantwortungsposten op der Uni Lëtzebuerg, säin wichtege Bäitrag bei der Entwécklung vun der medizinescher Ausbildung zu Lëtzebuerg a seng Roll an der Zesummenaarbecht tëscht der Universitéit an der Industrie maachen hien zur ideale President, fir dës Dynamik weiderzeféieren an fir d’Zukunft z’assuréieren.