E Besuch ënnert Kollegen

Delegatioun aus Russland op Besuch zu Lëtzebuerg (Commemoratioun Enn vum Zweete Weltkrich)


Presentatioun vum Documentaire „Die Normalität des Anormalen. Darstellungen aus dem Kriegsgefangenenlager Tambow.“


Den 8. Mee 2017 haten d´Amicale des anciens de Tambow, de Centre de la Mémoire vun Hollerech a véier Geschichtsstudenten (Jim Carelli / Jerôme Courtoy / Christian Graser / Ben Mahnen) vun der Universitéit Lëtzebuerg, am Kader vun der Visite vun enger Delegatioun aus der Regioun Tambow op Presentatioun vum Documentaire „Die Normalität des Anormalen. Darstellungen aus dem Kriegsgefangenenlager Tambow.“, an de Mémorial-Musée de la Déportation agelueden.


Ier déi méi wéi 40 interesséiert Visiteuren den Documentaire vun 12 Minuten iwwert Krichsgefaangenenlager Tambow gewise kruten stoung, no der Begréissung duerch den Här Jean-Claude Muller, Conseiller culturel am Staatsministère, als eicht eng Féierung duerch d’Ausstellung vum Mémorial de la Déportation um Programm. Heibäi kruten déi interesséiert russesch Visiteuren en Abléck an d´Geschicht vu Lëtzebuerg während dem Zweete Weltkrich.


A senger uschléissender Aleedung ass de Porte-drapeau vun der Amicale, den Här Victor Steichen op déi geleeschten Aarbecht vun de Studenten agaangen. Fir d´Vertrieder vun der Amicale des Anciens de Tambow ass et wichteg datt et och an der drëtter Generatioun interesséiert Jonker géif ginn, déi versichen de Memoire vun Tambow oprecht ze erhalen.


Entstanen ass den Documentaire, am Kader vum Séminär „Histoire Orale“ ënnert der Leedung vum Dr. Andreas Fickers, Direkter vum C2DH. Grondlag vum Film bilden eng Réi vun Interviewen, déi vun der Madame Loretta Walz, am Kader vum Universitéitsprojet PARTIZIP 2 virun enger Réi vu Joren erstallt goufen. Nieft enger Beschreiwung vum Lager, geet de Film op Liewenssituatioun vun de Gefaangenen am Lager Tambow an. Wéi hunn des Mënschen an enger anormaler Situatioun, ewéi der Internéierung an engem Krichsgefaangenenlager iwwerlieft? Konnt sech an engem gewëssenen Intervall en routinéierten Zoustand entwéckelen, den vun de betraffenen Persounen als „temporär Normalitéit“ wouer geholl gouf? Dat waren e puer vun de Froe mat deenen sech déi véier Studenten an deene leschte Méint auserneen gesat haten.


Am Verlaf vum offiziellen Deel vum Mëtteg sinn d´Vertrieder vun der russescher Delegatioun ënnert anerem, op dat villt Leed agaangen, déi esouwuel Russland ewéi och Lëtzebuerg hu missten, während dem Zweete Weltkrich, iwwert sech agoe loossen. Och a Russland, géingen am Kader vun Universitéitsprojeten, esou och op der Staatlecher Universitéit vun Tambow, Zäitzeie no hiren Erliefnisser am Krich an hirem Liewen ënnert Sowjetescher Herrschaft befrot gin.


Fir hier geleeschten Aarbecht gouf de Studenten, vun der Amicale des anciens de Tambow an dem Centre Culturel et scientifique de la Russie, e flott Buch an en Diplom iwwerreecht.


No der Presentatioun vum Documentaire stoungen déi véier Studenten dem interesséierte Publik fir all weider Froen zur Realisatioun vun hirem Projet zur Verfügung.


(Text/Foto : Jim Carelli/Jérôme Courtoy)