Réckbléck mat optimisteschem Ausbléck

Generalversammlung Lidderuucht Lëtzebuerg

Och an Zäite vu Corona ass et wichteg dass d’Memberen informéiert ginn, dofir stoung d’Generalversammlung vun der Lidderuucht Lëtzebuerg ganz am Zeechen vun der Pandemie mat deenen noutwendegen Restriktiounen. De Vize-President François Harsch huet déi aktiv an inaktiv Memberen souwéi d’Vertrieder vun UGDA, Hollerecher Musek; Vallée des sept Châteaux, an den Éierepresident vun der Lidderuucht, begréisst a verschidden Mercien ausgeschwat. Dorënner e grousse Merci fir de Chef, Claude Hornick, an d’Brëttelspianisten; Marguy Harsch-Ersfeld an Mike Marnach fir hiren Asaz trotz der schwiereger Situatioun ouni awer och d’Sängerinnen a Sänger net ze vergiessen. Uschléissend eng Gedenkminutt fir déi verstuerwen Memberen aus deem vergaangene Joer. Am Rapport vun der Sekretärin, Hornick-Hoffmann Geneviève, war ze héieren dass trotz der schwiereger Situatioun, 15 Prouwen an 6 Comitéssëtzungen mat deenen néidegen Restriktiounen konnten ofgehal ginn. Erfreelech a mat Houfer goufen Enn d’lescht Joer nach 3 Optrëtter realiséiert. Cipa Jonglënster; Kleeschen Paräisserplaz; an Luxroots zu Hesper. All soss Optrëtter, déi schonn 2020 op 2021 verluegt goufen, hu missten ofgesot ginn, a sinn op 2022 verluegt. Éimaischen, Festival Folklore San Remo, Blummentreff Boermereng, Fond-de-Gras, Lëtzebuerger Owend Lëntgen. Den Optrëtt op der Folkloriada zu UFA an Russland huet missen ganz annuléiert ginn.

Am Keessebericht vum Stemper Carlo ass d’Finanzsituatioun de Moment relativ ausgeglach, mee mir mussen erëm Boni maachen fir ons Aktivitéiten all uerdentlech ze organiséieren, wéi zum Beispill, d’Participatioun um Festival vun San Remo vum 23. bis den 27.Abrëll, wou schon e Budget reservéiert ass. D’Keesserevisoren goufe bestätegt a bleiwe nach e Joer. De Comité gouf fir 2 Joer bestätegt. E neie President gouf nach net fonnt.

Am Numm vun der UGDA huet D’Madame Suzanne Kramer der Lidderuucht Merci gesot fir hiren Asaz an déi gutt Zesummenaarbecht an dëser schwiereger Zäit. Houfreg war Si fir z’informéieren dass d’Lidderuucht mat hieren Vollekslidder zum immateriellen Kulturiewen zu Lëtzebuerg gehéiert. INFO op www.IKI.lu

Uschléissend goufen verdéngschtvoll Sängerinnen a Sänger vun hir ausgezeechent: Annette Krecké, Spéngel fir 5 Joer. Steichen Alice, Liette Haas-Roth an Marc Wenner, Medaille fir 10 Joer. Geneviève Hornick-Hoffmann an Mady Sossong, Medaille fir 40 Joer.

E grousse Merci un d’Sängerinnen a Sänger vum Chef, Claude Hornick, fir hieren Asaz an dëser schwiereger Zäit. De Moment ginn d’Lidder aus de Programmer geprouft, mat der Hoffnung dass déi bestehend Optrëtter kënne realiséiert ginn an nach neier dobäi kommen!

Ofschléissend bei der fräier Aussprooch war nach eng Fro iwwert de Verkaf vun onser CD, déi haaptsächlech bei onsen Optrëtter verkaf gëtt, wat de Moment jo schiereg ass.
Et kann een ons CD ”Dat elei an dat elo” an “Wat d’Heemecht ass” och heemgeschéckt kréien. Infoen doriwwer an aner Infoen op www.lidderuucht.lu