Grouss Album-Release Show vun The Young So(u)ls zu Housen

13
Sep
2025
13 Sep

D’Feel-Good-Pop-Band The Young So(u)ls feiert dëst Joer net nëmmen hiren 10. Gebuertsdag, mee och d’Verëffentlechung vum alleréischten Album „Memories“!

Dat gëtt natierlech richteg gefeiert – mat enger grousser Release Show, den 13. September op der Festwiss zu Housen.


Fir déi richteg Stëmmung ass d’Opening Band Papst Casimir dobäi. Sie bréngen d’Bün direkt vun Ufank un op déi richteg Temperatur, éier The Young So(u)ls da selwer um 20:00 Auer d’Bün iwwerhuelen an iech déi nei Lidder vum Album an nach villes méi presentéieren. D’Band ass bekannt fir positiv Vibes, Musek déi gutt Laun mécht an e Concert, wou een sech einfach nëmme wuel fillt.


Den Owend gëtt eppes Besonnesches: fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt, an et erwaarden d’Gäscht vill kleng Iwwerraschungen.

The Young So(u)ls freet sech drop, zesumme mat iech eng onvergiesslech Party ze feieren a schéin "MEMORIES" ze gestallten.


Wéini: Samschdeg, 13. September 2025

Wou: Festwiss zu Housen

Auerzäit: ab 18:00 Auer

Tickets: tys.lu/virverkaf


Kommt a bréngt är Frënn mat – dësen Owend ass e Must fir Grouss a Kleng.