Traditionell hat d'Fanfare "la Réunion" Hueschtert, ennert der Direktioun vum Hans-Karl Daus, op hire Concert de Bienfaisance invitéiert. Op Stiefesdag haten sech vill Leit an der Hueschterter Kierch afonnt fir de Concert ze lauschteren. Nom Concert hat d'Gemeng Nidderaanwen op en Éierepatt invitéiert wou dann de Scheck vun der Präsidentin Jeanne Wagner, zesumme mam Vize-Präsident Paul Lietz a mam Keesier Claude Bache, a Präsenz vum Buergermeeschter Fréd Ternes, un d'Fondatioun Sarah Grond iwwerreecht gouf.