Ons Korea-Veteranen sinn a ginn net vergiess

E Samschdeg, den 16. Mäerz 2024 huet d’LKA (Luxembourg-Korean Association ASBL) zesummen mat der AACSPL (Anciens Combattants) an der Arméi den zwee lëtzebuerger Zaldoten geduecht, déi am Koreakrich gefall sinn. Et sinn dëst déi zwee eenzeg Affer, déi d’Lëtzebuerger Arméi nom Zweete Weltkrich erlidden huet. Et handelt sech em de Caporal Roger Stutz (+22.08.1952) an de Sergent Robert Mores (+26.09.1952), déi allebéid zu Choko-Ri leie bliwwe sinn. Hier stierflech Iwwerreschter sinn den 15. Mäerz 1953 op Lëtzebuerg zréckkomm, wou si dunn schlussendlech am Rollengergronn, den 18. Mäerz 1953 respektiv zu Rammerech, den 19. Mäerz 1953 mat militäreschen Eieren an hirer Heemecht begruewe gi sinn. 71 Joer duerno zieren och elo Erënnerungsplaquen dës Griewer, déi feierlech vun der Ministesch Yuriko Backes an dem koreaneschen Ambassadeur devoiléiert goufen. Den Ambassadeur Jeonghyun RYU huet nach eng Kéier extra dem koreanesche Vollek seng Dankbarkeet vis-à-vis vum Lëtzebuerg ausgedréckt a betount, datt dësen Asaz vun de Lëtzebuerger Zaldoten ni vergiess gi wäert. Ouni déi ganz Hëllef, déi Korea deemools krut, kéinten si haut net a Fräiheet liewen an hiert Land hätt sech net esou gutt entwéckle kënnen. Weider Informatiounen zum lëtzebuerger Koreakrichasaz fannt dir op https://korea.mnhm.net/index.php/fr/

Max Stoffel

Sekretär LKA


Foto: ©Lucien Koneczny