European Championship 2011

E Mëttwoch den 27.Juli 2011 war um 18.30 Auer Erëffnungszeremonie vun den Europameeschterschaften um Minicircuit um Houwald hannert dem Centre Douanier.
130 Piloten aus 18 Länner hunn sech op der Pist hiren Fans gewisen.
Eent steet fest, et sinn déi bescht vun hiren Länner déi do untrieden, och den jetzigen Europameeschter an Weltmeeschter aus Däitschland Pietsch Robert ass derbäi vir säin Titel ze verteidegen. Lëtzebuerg gëtt duerch 7 Piloten vertrueden, an kann een gespaant sinn, wéi sie sech geent déi auslännesch konkurrenz schloen wärten.
Dës Europameeschterschaft, geet bis en Samschdeg, wou sech dann am laf vum Dag eraus stellt ween dann neien oder alen Europameeschter gëtt.
Organisateuren verspriechen en groussen Spektakel vir Europameeschterschaft an freeën sech op ären Besuch.Vir ze iessen an gedrënks as gesuergt.