Hank Hury aus Kalifornien op Besuch zu Lëtzebuerg


Viru kuerzem war den Hank Hury aus Kalifornien hei zu Lëtzebuerg. Dobei huet hien en Ofstiecher op Gréiwemaacher gemach, do wou seng lëtzebuerger Familienorigine sin. Säin Urahn, den Hury Georges, deen hei 1827 op d’Welt kom ass, huet mat 22 Joer eist Land verloss vir säi Gléck an den USA ze sichen. Den Hank huet sech an der Haaptstad och mat Nokomme vum Gillen Jean Louis (1833-1903) an Hury Catherine (1835-1908) getraf; si hun do iwert hiere Stammbam diskutéiert. Den Georges an d’Catherine ware Gesëschter. Hier Elteren waren den Theodor Hury (1794-1866), nodeem wahrscheinlech d’Hurygässel zu Gréiwemaacher benannt gouf, an d‘Catherine Recht (1791-1875) Dës Entrevue ass vum Tom Hury aus den USA arrangéiert gin, mat deem schons zënter 2012 Kontakter bestinn, déi durch Luxroots.com zustane kom sin.
Photo: Den Hank Hury mam sengem Stambam
Text a Foto: gillarmd@pt.lu