Scheckiwwerreechung beim CTF Hunchereng

Schéine Gest vun der Sektioun Hunchereng-Fenneng-Näerzeng vum Gaart an Heem.

Bei Geleenheet vun hierer Generalversammlung den 5. Februar konnt d’Sektioun Hunchereng-Fenneng-Näerzeng e schéine Scheck vun 2 000.-€ un den Dr. Bernard THILL, Präsident vun Médecins sans Frontières iwerreechen. Den Dr. Thill huet den Uwiesenden dann och vill Erklärungen iwer d’Associatioun gin déi net nëmmen am Ausland mä och hei zu Letzebuerg Leit a Nout hëlleft. D’Präsidentin vum Gaart an Heem huet och allen hieren Memberen villmols merci gesoot well ouni hir Ennerstetzung wier dee schéine Gest net méiglech gewiescht.

Weitere Neuigkeiten von Maggy Schüssler >