Celsussegen zu Angelduerf

Op wäissen Ouschterdag gëtt traditionell den Celsussegen gespend. No der Mass (um 9:30 Auer) seent de Paschtouer Pierre Ihry vrun der Kapell, wou eng Statue vum Hl.Celsus steet, d'Pärd, d'Traktoren , al an nei, grouss a kleng, och alt Baggeren, dann awer och Pomjeesween, Autoën a Motorrieder asw. Vill Leit stinn do a genéissen d'Kläng vun der Ierpeldenger CONCORDIA, déi souguer den Hämmelsmarsch spillen. Eng schéin Traditioun