Cyclisten opgepasst, soss geet ët mat der Ambulanz an d'Ettelbrécker Klinik

Skandaléis:Zu Angelduerf, nobei der Suzuki Garage, huet een Entrepreneur fir de Weekend ee Schantjen zréckgeloos . Riets a lénks leien zwou schwéier Placken. Bei enger ass iwwert d'ganz Längt e Splack vun ~5cm breet. Wann een Cycliste, mat Mountainbike oder engem Coursevelo dee geréit, da schléit en d'Rad a riskéiert trotz Helm schwéier Verletzungen.

100 Meter méih wäit ass an der Rue du Berger schonn e puer Wochen een eenzege Schantgen:Hei gëtt d'Kanalisatioun frësch gemeet a Gainen verluegt.Schwéier Baggeren an aner Maschinen manoeuvréren ouni Sécherheetsbarrière laanscht de Centre Culturel, Wou bleiwt eist Inspection du travail , Hei gi Kanner an d'Crèche, Erwuessener komme vun der N7 erof an d'Pomjeeën vun alle Säiten, wann si an hir Kasär wëllen. Et ass ee Wonner, datt hei nach näischt geschitt ass. D'Awunner vun där Strooss schénge gedëlleg Lait ze sinn. Wat gëtt dat eréischt, wann d'N7 déi näxt 18 Méint als Axe multimodal ausgebaut gëtt.