D'Käschte wuesse schonn

Déi kleng pickeg Schuele si gudd um Käschtedam niewent der Holzbréck bei der Angelduerfer Kierch ze gesinn. Dat weist, dass d'Fréijoer och hei ukomm ass. Déi pickeg Dénger wuessen all Dag, ët dauert awer nach bis den Hierscht, ier d'Schuelen opplatzen an déi blénkeg brong Käschten ze gesi sinn.