N7: Mat Verspéidung gëtt de Verkéier op déi aner Halschend vun der Achs verluegt

De 15. Juni 2019 war vun de Ponts et Chaussées virgesinn, fir de Verkéier op der N7 vum Krees Dräieck bis kuerz virum Mc Donald op déi aner Halschend vun der Stroos verluegt ginn, mee d'Leitplanken goufen nit mat Zäit färdeg installéiert. De Bitum Teppech ass ewell méih laang verluegt an d'Stroossemarkéirungen goufen vun de P ç Ch opgedro. Och beim Dräieck ass d'Firma Rinnen nach nit mat den Aarbechte färdeg: Hei gëtt d'Stroos méih breet; d'Insel ass verschwonn an den Trottoir gouf a Richtung Dikrech op der lénker Säit bis an den Hiwwel verluegt, fir op 17,75 Meter Breet ze kommen, déi fir déi ganz Achs virgesi sinn. Op där anerer Halschend gëtt ët méih komplizéiert, weéé do all d'Leitunge mussen erneiert ginn, mat Beliichtung, Foussgänger- a Veloswee an Zoufahrten zu den Tankstellen man aner Betriber (Garagen, Cactus asw.). Dofir sinn eng 18 Méint virgesinn an ë soll op 2 Schichte geschafft ginn, vu moies 6 bis owes 22 Auer.