Rouden Auto op Iwwerhuelverbuetsschëld zënter Summer 2017 verschwonn

Kënns de vun der Angelduerfer Kapell a Richtung Krees gefuer, deen no beim Centre Commercial mat deem bekannte pickegen Embleem läit, da gesäis de op der rietser Stroossesäit ee Verbuetsschëld mat engem roude Rand, an der Mëtt wäiss an ee schwaarze Persounewon riets. Dat soll laut" Code de la Route" d'Nummer C,13aa sinn. Allerdéngs feelt schonn zënter Summer 2017 dee rouden Auto lénks vrum schwaarzen. Op déser Plaattform hat ëch schonns heirop higewis an als Schallék geschriwwen, datt e puer Persounen sech dëse Won ausgeléint könnten hunn, fir dermatt op d'Fouer ze fueren.

Eis P. & Ch.-Verwaltung beklot sech a lèschter Zäit, dass queesch duerch d'Land Verkéiersschëlter geklaut ginn. Um Dikrecher Krichsafferkräizwee sinn eenzel Buschtawe verschwonnen, d'Initiale vun iergendengem, deen sech nit bewosst war, datt esou eppes sech nit gehéiert. Mee wat fängt ee mat engem rouden Auto a Form vun engem Pëschbild unn?

All Dag fueren hei vill Ween a Motorrieder laanscht mat Kandidaten, déi mat Hëllef vun hirem Instrukter de "Führerschäin" kréie wëllen. Huet nach kee vun hinnen dat signaléiert?