"KANNER fir KANNER" Emilie Lahr



Den Hëllefs-Projet 'KANNER fir KANNER ass och dëst Joer erëm aktiv. Grad ewéi schonn am Dezember 2010, wou d'Geie-Professesch Nadja Burdot-Koob mat hire Schüler en Adventsconcert am Staadter Conservatoire ginn hat, a vun deem Benefice en i-Pad fir d'Emelie Lahr kaaft huet. De Professer Jean-Claude Salvi hat eng Photo-Ausstellung am Festsall vum Kolléisch organiséiert, an aus dem Geld, wat erakomm war, dem Emelie eng digital Spijelreflexcamera an e Printer geschenkt.



Och dëst Joer soll dem Emelie gehollef ginn, dat eng Krankheet huet, déi et nëmmen eemol gëtt. Hatt ass elo just virun 2 Wochen an Amerika operéiert ginn, an nëmmen deen Agrëff huet 277 000 Dolar kascht, eng Zomm, fir déi een ewell e puer zimlech deier Autoe krit. Dem Emelie säi Leed a Liewen hänkt eiser ganzer Schoul, dem Lycée Technique de Bonnevoie (LTB), staark um Häerz.



Mir sammele fir d'Emelie mat engem Lieszeechen, dat mir fir 2, 77 € verkafen. Wann dir méi wëllt iwwer 'eist' Emelie wëssen, da kopéiert iech de Link eraus, iwwer deen dir och deer kranker Frëndin senger Famill hëllefe kënnt.



Kontakt fannt dir op der Websäit ënnert der Rubrik 'äis kontaktéieren'. Wann d'Emelie iech och mat sengem Misär um Häerz läit, dann hëlleft och, wannechglifft. Wann dir nach weider Froen huet oder Lieszeeche kafe wëllt, da schreift mir iwwer 'kannerfirkanner@hotmail.de. Dir kommt och um Blog un äis, deen hei ënnert dem Artikel steet, an dir gitt do gewuer, wéi et fir den Ament mam Emelie steet. Merci!

http:/www.saveemilielahr.com
http:/kannerfirkanner.blogspot.com