Summervakanzen mat Young Caritas

All Joer bitt d' Caritas Jeunes et Familles a.s.b.l. am Kader vun der Young Caritas vill verschidden Kolonien vir Kanner a Jugendlecher un. Des Kolonie ginn net nëmmen duerch en uspriechend Vakanzenzil onvergiesslech mä och duerch ënnerschiddlech fräiwëlleg Moniteuren déi dat ganzt leeden a gestallten.


Lass geet et den 21 Juli mat der Kolonie “Fann den Nemo” um Misaershaff fir Kanner vun 6 bis 8 Joer, eng Rees déi vill Iwwerraschungen mat sech bréngt. “Eviva Espana” vum 25 Juli bis den 7 August ass dann déi éischt Auslandskolonie dësen Summer an zwar an Spuenien mat vill Sand, Sonn an Waasser fir Kanner zwëschen 8 an 12 Joer. Traditionell steet och erëm d ‘Kolonie “Camargue II” während 12 Deeg fir Jugendlecher am Süden vun Frankräich um Programm. Zwou Wochen an Éisterräich geet et fir déi Jonk vun 8 bis 12 Joer bei “Hills Sun and Fun”. Erëm zeréck zu Lëtzebuerg bidden mir nach zwou weider Kolonien un. Fir déi 6 bis 8-jähreg geet et vun Bilsdorf aus “An 6 Deeg em d ‘Welt” an déi Jonk zwëschen 8 an 12 Joer erwaart vum 19 bis den 29 August vill Action a Spaass zu Diddeleng bei “Léifreg Aktiv goes South”.


Bei der Young Caritas kritt jiddereen d ‘Méiglechkeet vir mat an d ‘Vakanz ze goen. Kanner oder Jugendlech aus sozial schwaache Famillen kennen eng individuell Präisreduktioun ufroen.


Weider Infoen zu eisem Programm an aneren Aktivitéiten fannt dir op eisem Site www.youngcaritas.lu