D'Maison Relais SEA Päiperléck spend 460€ un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner

D'Maison Relais SEA Päiperléck vun Jonglënster huet läscht Joer ee Wanterfest organiséiert wou fir Grouss a Kléng eppes ze fanne war. An deem Kader hunn d'Kanner zesumme mam Personal eng Spendenaktioun gemaach fir d'Fondatioun Kriibskrank Kanner. An engem flotte Kader hunn Kanner aus der Maison Relais dunn ee Scheck vu 460.-€ un d'Fondatioun iwwerreecht. www.fondatioun.lu