Equienercoop Jonglënster: Di éischt Installatioun ass elo montéiert.

Den 11. Oktober 2012 hat am centre polyvant Gaston Stein eng ëffentlech Versammlung vun der éischter lëtzebuerger Biergerenergiecooperative, EquiEnerCoop stattfonnt. Gutt 70 Bierger ware komm fir sech iwwert den Projet EquiSolar 2012, der Installatioun vun enger gemeinschaftlecher Solaranlag, ze informéieren an um Projet ze bedeelegen.
No der Informatiounsversammlung hunn och schonns eng Rei Interessenten en Kontrakt mat der Cooperative ënnerschriwwen an vill Leit hunn sech en Kontrakt matgeholl fir en nach eng Kéier a Rou doheem duerch ze liesen ier se sech entschléissen an de Projet eranzeklammen. Déi Verträg kënne vun eisem Internetsite www.equienercoop.lu erofgeluede ginn an bis den 5. November 2012 un eis zeréckgeschéckt ginn.
An der kuerzer Zäit wou den Projet leeft huet sech schonns groussen Interessi aus dem ganze Land un dem Projet gewisen an dat well beim Modell vun der Cooperative besonnesch den lokale Charakter ze ënnersträichen ass. Sou waren och den 11. Oktober Membere vun ähnlechen Initiativë präsent fir sech ze informéieren. Mat der Investitioun an der Cooperative gëtt d'Economie lokal ënnerstëtzt, den Gewënn aus der Energieproduktioun bleift bei den Bierger an et ass een op laang Siicht manner Ofhängeg vun internationalen Energie- ma och Finanzmäert.
De Projet ass lo an d'Installatiounsphase agetrueden. Di éischt Anlag ass um Daach vum Précoce-Gebai installéiert ginn, an d’Aarbechte ginn elo um Daach vun engem 2. Gebai vun der Gonnerenger Schoul weidergefuer. 3 Dierch vun der Gonnerenger Schoul an den Daach vum dépôt communal sinn virgesinn mat Solarpanneau’en am Kader vum Projet EquiSolar 2012 bedeckt ze ginn.

Fir weider Informatiounen:
http://www.equienercoop.lu
eMail: info@equienercoop.lu
Tel: 691 30 49 94 (Christian Goebel)