Zwee Lëtzebuerger un der Spëtzt vum europäesche IVV-Vollekssport


Zwee Lëtzebuerger un der Spëtzt vum europäesche IVV-Vollekssport

Bei der Generalversammlung vum IVV-Europa (Internationaler Vollekssportverband – Europa) am Schwäizer Stiedche Laufen goufen zwéi Lëtzebuerger an déi héchst Féierungsämter vum kontinentalen Verband gewielt.

Romain Buschmann gouf eestëmmeg zum President vum IVV-Europa gewielt. Och de Georges Kintziger gouf ouni Géigestëmm als Generalsekretär confirméiert.

Domat stinn nees zwee Vertrieder aus Lëtzebuerg zesummen un der Spëtzt vum europäesche Vollekssport. IVV-Europa ass de Kontinentalverband vum Internationalen Vollekssportverband (IVV), dee weltwäit Trëppeltouren, Vëlostouren a Schwammen an aner net-kompetitiv Fräizäitaktivitéiten fërdert.

Romain Buschmann, gläichzäiteg President vum Lëtzebuerger Wandersportverband (FLMP), huet nom Walresultat betount:

„Dës eestëmmeg Wiel ass e staarkt Zeeche fir d’Eenheet vun Europa am Vollekssport. Lëtzebuerg wäert an de kommende Joren weider eng aktiv Roll spillen, fir dat gemeinsaamt Trëppelen iwwer Grenzen eraus nach weider ze stäerken.“

D’Versammlung zu Laufen markéiert de Start vun enger neier Mandatsperiod, an där IVV-Europa seng international Partnerschafte verdéife an nei Projeten op de Wee brénge wëll.

Mat Buschmann a Kintziger iwwerhëlt en agespillt lëtzebuergescht Team d’Verantwortung fir d’Weiderentwécklung vum europäesche Vollekssport an d’Virbereedung vun zukünftege groussen Evenementer wéi der IVV-Europiade 2026 a Belgien an der IVV-Olympiade 2027 zu Lëtzebuerg.