De Koler-Leit.lu Familljekalenner as do!


De Koler-Leit.lu Familljekalenner 2011 as do. Dese Kalenner huet 5 Kolonnen, fir datt all Familljemember seng eegen Rendez-vous'en androën kann. Ausserdeem sin d'Schoulvakanzen, de SICA-Kalenner fir d'Gemeng Garnech, d'Stärenzeechen, de Moundkalenner esou wéi déi meeschten Feierdeeg angedroën. Donierft machen och déi 4 Koler Veräiner op hier Manifestatiounen opmierksam.
De Kalenner gouf gratis an all Haus verdeelt. Dest wor méiglech duerch d'Ennerstetzung vun generéisen Sponsoren, déi och um Kalenner ze fannen sin.
Erausgin hun déi 4 Koler Veräiner desen flotten Kalenner via hier "Daachveräin", deen um Site www.koler-leit.lu ze fannen as.