Op der Generalversammlung vun l’Horizon asbl am Juni zu Kayl gouf nach eng Kéier ganz däitlech, wéi vill Engagement, Aarbecht a Freed hannert dem Projet vun der Kleederstuff an den Aktivitéiten vun dem Cercle intercommunautaire an der Gemeng Käl-Téiteng-Rumelange stécht.
Am Joer 2009 ass d’Kleederstuff als eng einfach Iddi entstanen an huet sech am Laf vun de Joren zu engem wichtege soziale Projet an eiser Gemeng Käl-Téiteng-Rumelange entwéckelt. De grousse Succès an déi aussergewéinlech Ënnerstëtzung aus der Bevëlkerung hat deemools nach keen an dësem Ausmooss virausgesinn.
Am Januar 2026 konnt d’Kleederstuff an hir nei Raimlechkeeten an der Rue du Commerce zu Kayl plënneren. Déi méi grouss a modern Ariichtung bitt vill Plaz an eng agreabel Aarbechtsatmosphär, wat et erméiglecht, nach méi effizient ze schaffen an nach méi Leit z’ënnerstëtzen.
E ganz grousse Merci geet un de Buergermeeschter, de Schäfferot an de Gemengerot fir hir wäertvoll finanziell, moralesch an och praktesch Ënnerstëtzung. Si droen dozou bäi, datt dëse wichtege Projet sech weider entwéckele kann.
D’Presidentin, d’Josée Schumann, ënnersträicht ëmmer erëm déi besonnesch Unerkennung, déi de ville Benevollen zoukënnt déi sech mat vill Zäit, Energie an Häerzblutt engagéieren. Ouni hiren onermiddlechen Asaz wier dëse Projet net méiglech. Hir Iddien, hiert Engagement an hir sozial Haltung maachen d’Kleederstuff zu engem liewege Beispill vu Solidaritéit, Zesummenhalt a Matmënschlechkeet.
An enker Zesummenaarbecht mat verschiddene soziale Partner an Organisatiounen gëtt hei konkret an onkomplizéiert Hëllef fir Mënschen an Nout geleescht. Heizou dréit och de Cercle Communautaire säin Deel dozou bäi.
Am Joer 2025 konnten zesummen, insgesamt 36.000 Euro u sozial Projeten verdeelt ginn. Dobäi handelt et sech souwuel ëm Projeten an der internationaler Kooperatioun wéi och ëm Organisatiounen zu Lëtzebuerg, déi all Dag eng wäertvoll Hëllef fir Mënschen a schwierege Situatioune leeschten. Domat ënnerstëtzt d’Kleederstuff net nëmmen lokal Solidaritéit, mee dréit och zu humanitären Initiativen iwwer d’Grenzen eraus bäi.