Ouschterméindeg am Brennereimüsee

10
Apr
2023
10 Apr

Op Ouschterméindeg mecht de Kielener Brennerei-Müsee mat enger Porte Ouverte den Optakt vun der neier Saison.

Vun 10 bis 17 Auer kann een di flott Kollektiounen rondrem den Traditiounsberuff "Brenner" entdecken.

Doriwwer eraus steet d'Liewen virun honnert Joer an eisen Dierfer mat villen ausgestallten Raritéiten am Mëttlpunkt.

Als Ofschloss vun der Visite ass eng Verkostung vun den hauseegene Produkter aus der Musées-Brennerei méiglech.

Den Entrée op Ouschterméindeg ass gratis.

Org.: Frënn vum Brennerei-Müsee