Porte Ouverte den 25. an 26. Mai bei de Lëtzebuerger Naturisten

24
Mai
2025
24 Mai 25 Mai

Naturismus (FKK) zu Lëtzebuerg – Entspanung garantéiert!

Loscht op Rou, Natur a Wuelbefannen? Den Naturisten-Terrain vum «Sports et Loisirs Naturistes Luxembourg» asbl (SLNL) ass déi perfekte Plaz fir nei Energie ze tanken. Wäit ewech vum Kaméidi aus der Stad, awer einfach z'erreechen, huet dëse klenge Paradäis alles, wat ee brauch fir e super Dag ze verbréngen… ganz ouni Kleeder!

Ob Dir just d’Sonn ënner dem fräien Himmel genéisse wëllt, en BBQ mat der Famill oder Frënn deelen, e gutt Buch liesen, eng Partie Boule oder Badminton spillen, oder einfach entspane wëllt no enger ustrengender Woch — hei ass alles wat Dir fir Äert Wuelbefanne braucht.

De 24. a 25. Mee 2025, mécht SLNL, ee familljen-orientéierten Veräin, seng Dieren op. Kommt an entdeckt des eenzegaarteg Plaz zu Lëtzebuerg, an enger natierlecher Atmosphär an ouni Engagement vun Ärer Säit.

Méi Informatiounen op www.naturisme.lu oder per E-Mail un SLNL.Relpub@naturisme.lu.

Mir freeën eis fir iech eise klenge Paradäis ze weisen!