Nei Kleederstuff vum Roude Kräiz zu Kielen ageweit

Den 22. September gouf am fréiere Pompjeessall zu Kielen déi nei Kleederstuff vun der lokaler Sektioun vum Lëtzebuerger Roude Kräiz offiziell ageweit.

Bei der Ouverture waren nieft Vertrieder vun der Gemeng Kielen och Vertrieder vum Lëtzebuerger Roude Kräiz, vum Office social Mamer, Membere vum lokale Comité souwéi vill Benevollen dobäi.

D'Ouverture fält an e besonnescht Joer: D'Roud-Kräiz-Sektioun Kielen feiert 2026 hiren 30. Anniversaire. De President Marc Mathekowitsch huet bei dëser Geleeënheet de ronn 35 Benevolle Merci gesot, déi sech mat vill Engagement fir d'Kleederstuff an d'Aktivitéite vun der lokaler Sektioun asetzen. E besonnesche Merci goung och un d'Gemeng Kielen fir hir Ënnerstëtzung an d'Bereetstelle vun den neie Raimlechkeeten.

Och de Buergermeeschter Félix Eischen huet déi gutt Zesummenaarbecht tëscht der Gemeng an der lokaler Roud-Kräiz-Sektioun ervirgehuewen an allen Acteuren, déi zum Projet bäigedroen hunn, Merci gesot.

Mat der neier Kleederstuff kréie gutt erhale Kleeder en zweet Liewen a kënnen dobäi Mënschen ënnerstëtzen, déi se brauchen.


D'Kleederstuff ass an der Kopleschterstrooss zu Kielen an ass all Samschdeg vun 9.00 bis 12.00 Auer op.