National Games Dëschtennis Special Olympics Luxembourg


National Games Dëschtennis Special Olympics Luxembourg


E Samsdeg 05.07.2025 hunn an der Coque am Gymnase endlech erëm National Games vum Dëschtennis vun Special Olympics Lëtzebuerg statt fonnt.

En Event, waat fir d’lescht 2019 stattfonnt huet a wou Sportler sech mat enger mentaler Anschränkung ob nationaler an internationaler Basis moossen kënnen.

Sportler aus Däitschland (Rheinlandpfalz, Saarland a Baden-Württemberg) , Frankräich (Département Moselle) esou wéi och Sportler vum DT Wëntger, déi eng aktiv Inklusioun an hierem Verein bedréiwen, hunn a spannenden Mätcher hir Fäegkeeten ënnert Beweis gestallt. Och eng Délégatioun vun Parkisonlux huet deelgeholl.

Parallel huet eng Auswiëhl vun de Junioren ( A2/A3 Spiller) vun der FLTT,

Mätcher géint Sportler aus Däitschland, Belge a Chile gespillt.

Dëst liëwegt Event gouf vun Memberen an Arbitteren vun der FLTT als Bénévoler begleed, déi matt vill Geschéck a Fangerspëtzegefill Mätcher iwerwaacht hunn no de Regelen vum Dëschtennis.

En plus hunn vill Fräiwëlleger, a net ze vergiessen Schülerinnen vun der Ecole Privée Sainte-Anne dofir gesuergt , datt dëst Event e grousse Succès gouf.

Déi éischt dräi Medaillen goufen vun der FLTT gesponsort, déi natierlech d’Sportler mat groussem Stolz erfëllt huet.

Déi zefridden Gesiichter bei der Medailleniwereechung duerch den President vun der FLTT Charles Muller, sinn de Beweis vun engem erfollegräichen Dag.

(Text : Monique Lexis / Fotoen : Pats Chrisnach)