Noruff: Arny Thomma 1944-2025
um weitere Bilder zu sehen.
Den 2ten September vun dësem Joer ass den Arny Thomma am Alter vun 81 Joer gestuerwen. Dat et dem Arny net méi gutt goung, war gewosst, schonn ca. néng Joer war hien am Cipa zu Niederanven, wou hie gutt versuergt gouf. Dat den Arny eis esou plëtzlech géif verloossen huet eis dach all béis getraff.
Den Thomma Arny stoung fir de Kirchbierger Sportfëscherveräin. Eng éischt Lizenz huet hien zu Hollerech ënnerschriwwen. 1968 gouf hie Member vum Kirchbierger Sportfëscherveräin. Hie war Member, du Sekretär a jorelaang Präsident vun dësem Veräin. Seng éischt Fra Nelly WEIER huet hien um Kirchbierg kenne geléiert, si goufe bestuet an haten e Jong, de Jeff.
Mat sengem Frënd dem Lucien an dem Nikela an nach ville gudde Fëscher hunn déi Kirchbierger d’ Sportfëscherei zu Lëtzebuerg jorelaang dominéiert.
Dem Arny säi Liewen war mam Waasser verbonnen. An der Woch huet hien säi Job als Ingénieur technicien op der Kläranlag zu Beggen gemeeschtert. De Weekend huet een hie gesinn op Musel an Sauer.
Um nationale Plang war hien séier erfollegräich. Hien huet och esou oft et goung un internationalen Competitiounen deel geholl. Oft war hien der Konkurrenz iwwerleeën.
Als Member vun der Sportsektioun vun der F.L.P.S gouf den Arny 1972 fir Weltmeeschterschaft zu Prag selektionéiert. Hei konnt hien sech als gudden zweeten klasséieren. Et goung nach besser. Zweemol konnt den Arny en Titel als Weltmeeschter mat der Equipe ginn, 1977 hei zu Lëtzebuerg an 1982 zu Yverdon an der Schwäiz.
Jorelaang huet hien Lëtzebuerg bei wichtegen Lännermätscher vertrueden.
Méi spéit huet den Arny zur Fieder gegraff, eng sëllegen Artikel iwwer Sportfëscherei kann een haut nach op der Internetsäit vum Kirchbierg https://kirchberg.neumann.lu/ noliesen.
No senger Pensioun huet hien mam Françoise zu Niederanven gelieft. Seng zweet Fra huet seng Passioun gedeelt an hien ënnerstëtzt wou et méiglech war.
Mee ganz eriwwer war et net mat der Sportfëscherei. Mam Claude PAULUS huet den Arny d´Sektioun vun de Veteranen un d´Rullen bruecht. Senger Meenung no sollten déi eeler Sportfëscher d´Méiglechkeet kréien sech un enger Lëtzebuerger Meeschterschaft an och un enger Weltmeeschterschaft ze bedeelegen.
Den Arny ass elo net méi do. Wat mir als Erënnerung bleift, ass dat den Thomma Arny e gesellege Fëscher war, mat enger enormer Kompetenz wat Sportfëscherei ugeet an dem Kirchbierger Sportfëscherveräin e Liewe laang trei bliwwen ass.
Äddi Arny
Verantwortlech fir dësen Artikel sinn:
Neumann René, Picard Romain an Thill Lucien.