D'Anne an de Josy Thill-Houllard hu gëllen Hochzäit gefeiert

De 15. Abrëll 1968, hu sech d'Anne Houllard vu Klengbetten an de Josy Thill vun Äischen an der Kierch zu Klengbetten d'Jo-Wuert ginn.


Genee 50 Joer méi spéit de 15. Abrëll 2018 war et dem Anne an dem Josy eng Freed hir ganz Famill a vill Frënn op Stengefort an d'Al Schmelz anzelueden fir hir Gëllen Hochzäit ze feieren.


D'Anne an de Josy si stolz op hir 6 Kanner an hir 15 Enkelkanner.


Och wa si mëttlerweil allen zwee an der Pensioun sinn, esou si si dach nach ëmmer ganz aktiv. D'Anne spillt leidenschaftlech gär Musek, op mam Bass oder mam Alphorn, hatt bitzt an ass och soss sozial ganz engagéiert an der Gemeng Stengefort. De Josy danzt am Folklor, ass am Comité vun der Stengeforter Musek an ass ëmmer bereet ze hëllefen, wann Nout um Mann ass.