Generalversammlung vun der Klengbettener Musek

Enn Januar huet d’Harmonie Klengbetten op hir alljärlech Generalversammlung invitéiert. De President Nico Kaufmann huet niewent ville Musekanten an Kolleegen vun der Klengbettener Musek, och de Buergermeeschter Guy Pettinger, d’Memberen vum Schäffen- an Gemengerot, d’Vertriederin vun der UGDA Susanne Kramer, de President vun der Stengeforter Musek Jean-Pierre Beffort an de President vun der Entente des sociétés Guy Laroche, konnte begréissen.


An senger Usproch huet hien besonnesch den 125. Anniversaire, deen d’Musek am Laf vum lëschte Joer gefeiert huet, ervirgehuewen. Deemnächst kënnt och e Buch vun dësem Anniversaire eraus. Des Weideren huet hien den Theater “Chaos an der Morgue”, den Dag um Weier mat sengem neien Konzept an den Show-Concert “Eng musikalesch Zäitrees” vun 2019 ënnerstrach. Hien huet jidderengem Merci gesot, deen an iergendenger Aart an Weis d’Musek 2019 ënnerstëtzt huet.


Fir 2020 sinn den Hexenderby an den Theater “Knätsch an Diamanten” an voller Preparatioun. Et ass e Prouweweekend auswäerts ugeduecht an natierlech och erëm den Dag um Weier zu Stengefort an e Show Concert Mëtt November. Hei koum d’Fro op, ob dësen am Centre Roudemer kéint stattfannen, well dësen dëst Joer ofgerappt soll ginn. Och am Musekssall goufen et déi lëscht Zäit Renovatiounsaarbechten (Daach, Toiletten) gemeet an 2020 wäerten der nach kommen.


Wéi all Joer gouf de Joresbericht ënnerluecht mat Fotoen vun den Sekretärinnen presentéiert éier d’Keessjee een Iwwerbléck iwwert d’Finanzen vun 2019 an de Budget fir 2020 ginn huet. Ee Punkt war hei ënner anerem d’Fixéierung vun der Kotisatioun fir d’Memberen. D’Generalversammlung huet fir béid Presentatiounen d’Decharge ginn.


Fir de Comité goufen et keng néi Kandidaturen an och keen Austrëtt, sou dass dësen sech wéi déi lescht Joren folgendermoossen zesummesetzt:

- President: Nico Kaufmann

- Vize-President: Guy Karier

- Sekretärin: Linda Quaring

- Sekretärin adjointe: Jil Thurmes

- Keessjee: Lydie Mayer

- Memberen: Mike Donven, Danny Druart, Aly Frantz, Michelle Sier, Marie-Paule Thiry a Serge Wagner


De Buergermeeschter Guy Pettinger an d’Vertriederin vun der UGDA Susanne Kramer konnten ausserdeem verschidde Memberen auszeechnen:

- Louis INEMEK (Insigne fir 5 Joer)

- Charel SCHMITZ (Insigne fir 5 Joer)

- Serge WAGNER (Insigne fir 5 Joer)

- Anna SEHL (Médaille de mérite en bronze fir 10 Joer)

- Aidan IFINIS (Médaille de mérite en bronze fir 10 Joer)

- Michel PARISSE (Médaille de mérite en bronze fir 10 Joer)

- Guy KARIER (Croix de mérite en argent)


Uschléissend huet d’Mme Susanne Kramer vun der UDGA ervirgehuewen, dass Musek verbënnt a Frëndschaften entstoen léist. Et wier schéin dass Jugend sou engagéiert ass, well ouni si kéint den Veräin net weider existéieren. Des Weideren huet si der Musek vill Succès fir d’Zukunft gewënscht.


De Buergermeeschter huet an senger Usproch e grousse Merci ausgeschwat, dass Musek ëmmer un den ëffentlechen Festivitéiten vun der Gemeng deelhëlt an sou zum kulturellen Liewen an der Gemeng bäidréit. Des Weideren huet hien den 125. Anniversaire ervirgehuewen, deen mat vill Aarbecht verbonnen war, mee duerch den Succès belount gouf. Zudeem ass hien op Reamenagement vum Centre Roudemer agaangen.


No der Clôture vun Generalversammlung, hat Musek an den Restaurant “De Bräiläffel” zu Klengbetten invitéiert.


D’Klengbettener Musek freet sech op e weidert interessant an musikalescht Joer an invitéiert elo schonn jiddereen op den Theater (13., 15. 18., 21. an 22.03), den Dag um Weier (05. an 06.09) an den Show-Concert (20.11).