Veräiner: Gewannt ee Bong vun 200 Euro mat ärem Buergbrennen

A bal all Uertschaft hunn d'Veräiner oder déi Jonk aus dem Duerf ugefaangen, hiert Buergbrenne virzebereeden. Dozou gehéiert d'Beem an de Bësch siche goen, Holz a Palette sammelen, opriichten, an natierlech och d'Reklamm gratis op mywort.lu eroplueden.

mywort.lu huet een Häerz fir Veräiner a mir wëssen natierlech, wéi schwéier an ustrengend dat Ganzt ass. Weist och Dir de Leit, wéi vill Aarbecht esou ee Buergbrennen ass, net nëmme mat engem flotte mywort-Reportage mat Biller vun der Buerg, wéi se brennt, mä och iwwer d'Opriichten.

Gewannt ee Bong am Wäert vun 200 Euro!

Dee Veräin, dee säi Buergbrennen am schéinsten op mywort.lu weist, dee kritt vun eis ee Bong iwwer 200 Euro, fir beim Metzler vu sengem Vertrauen Fleesch fir säin nächst Fest ze kafen.

Et ginn nëmmen Beiträg berücksichtegt déi de Veräin (oder ee vu sengem Memberen) selwer bis de 25. Februar op mywort.lu eropgelueden huet.

* Hei geet et bei de Login.

www.mywort.lu/user/login