Chrëschtfeier mat Eierung fir ronn Gebuertsdeeg beim Senioren Treff zu Käerch

No engem Joer Pandemie bedéngter Paus hunn mir eis vum Comité ëmsou méi gefreet 85 Memberen ob eiser Chrëschtfeier ze begréissen. Natierlech ass d'Feier ënnert dem Covid Check ofgelaf. D’Feier hat ugefaange mat engem festlechen Mëttegiessen. No der Ried vun der Präsidentin Henriette Nockels sinn géint 14.30 Auer dunn déi Memberen ab 75 vir ee ronnen Gebuertsdag geéiert ginn. Fir d’Joer 2020 waren et : (75 Joer) Altzinger Jean, Dosser Emilie, Francois Armand, Nockels Lucien, Ostach Jean,Weber Louise, (80 Joer)Schmit Hilda, duerno sinn déi vun dësem Joer geéiert ginn: (75 Joer)Altzinger M.Jeanne, Klein Carlo, Marx Léon, Müller Romain, Schmit Anita, Schmit Jacqueline, Schroeder Annette, Schuler Denyse, Weiler Jean (80 Joer)Daleiden Mariette, Filbig Lotty, Mangen Guilly, Mersch Jeanny, Thill Vera, Thull Lotty.

All Member hat e Gratislous kritt den zum Schluss ausgespillt ginn ass, esou dass dat fir de Mëtteg e schéinen Ofschloss war.