Eng flott Spillplaz op zwee Niveauen

Zu Käerch am Schoulhaff ass e klengt Paradies fir Kanner entstanen. Huet een ënnen am Schoulhaff e Pirateschëff an e grousst Klotergerüst, sou huet een nëmmen e puer Schrëtt ewech eng zweet Spillplaz. Hei fënnt een eng grouss Rutschbahn mat verschiddene Méiglechkeete fir ze kloteren. Schaukelen a Wippe si grad sou do ze fanne wéi e Fussballs respektiv Basketsterrain. Dat ganzt léit an engem Deel wou keng Autoe fueren an een eng flott Aussiicht ronderëm genéisse kann.