Sport a Konscht zu Kietscht

Den 6. Mee hun d’Kanner aus der Grondschoul vu Kietscht am Kader vun hirem Schoulsportdag Suen fir d`Fondatioun Kriibskrank Kanner gesammelt. Si hu sech Pätteren a Giedelen gesicht, déi si beim Triathlon resp. Duathlon finanziell ennerstëtzt hun. Am Ganzen sin dobäi 8.000,00 € zesumme komm.

De Cycle 1 war ganz kreativ, si hu sech mat verschiddene Kënschtler beschäftigt an den 26. Juni hir Wierker ausgestallt. Do konnten d’Elteren bei Kaffi a Kuch sech all déi flott Biller a Skulpturen ukucken. Hei sin och nach emol 600,00 € gesammelt gin.

Dës Suen sin der Fondatioun Kriibskrank Kanner um Schoulfest de 15. Juli iwerrecht gin. D’Stellvertrieder vun der Fondatioun soen hinnen een ganz decke Merci fir dëse generéisen Don. www.fondatioun.lu