30ten Anniversaire vum "Fräizäit-Sport Kéinzeg"

De 16.Dezember 2011 huet de Fräizäitsport Kéinzeg a Präsenz vum Buergermeeschter Jeannot JEANPAUL an zwee vu senge Conséillersen säin 30ten Gebuertsdag gefeiert.
Um 19:00 Auer hate 75 Memberen a fréier Memberen vum Veräin sech am schéine Festsall vun der Gemeng Kéinzeg Rendez-Vous ginn a konnte sech schonn ee non-stop Diaporama ukucken mat Fotoen vun den Aktivitéiten vum Veräin vun de leschten 3o Joer.
Nodeems d'Clubspräsidentin Chantal Holz-Finck d'Invitéen häerzlech begréisst huet an de Sekretär Nico Rufini eng détailléiert Rétrospective vum Club gemaach huet, gouf de Carlo Peiffer, ee vun de Grënnungsmemberen vum Veräin mat engem Kaddo geéiert; de Carlo koordinéiert nach haut mat vill Engagement d'Wandersektioun an ass nach ëmmer mat Rot an Dot behëlleflech, wa mir e brauchen.
Duerno huet de Buergermeeschter dem Comité, de Monitricen an de responsabele Leit vun de verschiddene Sektiounen Merci gesot fir dee beispillhaften Engagement am Dingscht vum Club. Zum Schluss vu senger schéiner Ried huet hien der Präsidentin eng metalle Plakett iwwerreecht mam agravéiertem Text: " 30 Joer Fräizäit-Sport KEINZIG 1981 - 2011 Gemeng KEINZIG ", Plakett, déi mir wäerten an der Sportshal op enger gëegenter Plaz ophänken.
Am Mount September 1980 huet schonn eng Aktivitéit stattfonnt, an zwar ee Staffellaf iwer 116 Kilometer vun der Schmött ganz uewen am Eisleck bis an den déiwe Süden bei de Baache Jang lanscht déi westlech Grenz vum Land. Dese Laf gouf dunn 1981 gefollegt vun engem Staffellaf vu 24 Stonnen non-stop lanscht Grenze vum ganze Land, wou net géinteneen gelaf ginn ass, awer mateneen, et war e gesonden Dauerlaf, gefollegt vun engem gesellegen Owend, an deene nächste Joeren vun engem Duerffest.
Et kann een drun erënneren, dass de Club den 1ten Dezember 1981 vun 3 begeeschterten Cyclotouristen gegrënnt gouf, de Numm "Fräizäit-SportClub Kéinzeg" ugeholl huet an vun do un allméiglech sportlech Aktivitéiten aus dem net-kompetitive Beräich ugebueden huet.
D'Velofueren ass bäibehale ginn, eng Wandersektioun koum dobäi, déi den 21. Mäerz 1982 hiren 1ten Fousstour geplangt huet an zënterhier iwwer 300 Tir organiséiert huet.
D'Sektioun "Randonneurs" organiséiert regelmméisseg ( normalerweis all 3. Sonndeg am Mount ) e Fousstour vun engem ganzen Dag iwer Weeër a Pied an onofhängeg vun de Wiederkonditiounen an et ginn tëscht 16 an 20 Kilometer zeréckgeluecht; och kritt all ageschriwene Member emol am Mount en INFO mam Programm vum nächsten Tour heemgeschéckt.
An de Wanterméint gëtt Mëttes an engem Restaurant giess, an de Summerméint gëtt Picnic am Rucksak matgeholl a periodesch gëtt och en Tour vun e puer Deeg an d'Nopeschlänner organiséiert.
Jiddereen, deen ouni Problemer 3 Stonnen ënner all Konditioune goe kann, ass wëllkomm; eng eenegermoosse gutt kierperlech Konditioun ass néideg, et muss een awer keen duerchtrainéierte Sportler sinn.
Et kann ee nach vermierken , dass de Club 1996 op de Numm "Fräizäit-Sport Kéinzeg" emgedeeft gouf.
Duerno si bäikomm:
Aerobic, 50plus! fir déi eeler Memberen, Yoga, Tae-Bo, Nordic-Walking, 2007 Pilates an 2009 eng Velos-Sektioun fir an engem gemittlechen Tempo 40 - 60 KIlometer ze fueren.
D'Grënnungsmembere waren: President: Raymond Jacoby, Vize-President: Guy Schmitz, Sekretär: Marcel Rath, Trésorier: Roland Helbach, Memberen: Mirella Schmitz-Fasano, Fernand Didier, Carlo Peiffer a Louis Weber.
Den aktuelle Comité ass zesummegesat aus:
Presidentin: Chantal Holz-Finck, Sekretär: Nico Rufini, Trésorier: Evelyne Wealer-Aeberhardt, Memberen: Liliane Fallize, Suzanne Graffé-Demuth, Irène Gutenkauf, Ginette Helbach-Goelff, Monique Regenwetter a Brigitte Wennmacher.
Déi ganz Feier ass musikalesch vun engem 1Mann-Orchester encadréiert ginn, deen mat senger schmasseger Musek dozou bäigedroen huet, dass d'Invitéen bis an d'Nuecht eran gedanzt hunn.
Nico Rufini