Chèqueiwwereeschung vun de Käerjenger Guiden a Scouten

Am Kader vun hirem traditionnellen Chrëschtbasar hunn d’Käerjenger Guiden a Scouten den 20. November 2021 zu Kéinzeg am Scoutschalet véier Chèquen iwwereescht.

Pro Organisatioun hunn d’Guiden a Scouten 700€ gespennt. Deen éischte Chèque ass un d’ONG – D’Guiden aScouten fir eng Welt, vertrueden duerch den Guy Frantzen gaang. Den Här J. Majerus huet de Chèque fir d’Associatioun HUK ( Hëllef fir ukrainesch Kanner) entgéint geholl. D’Organisatioun Luxembourg-Pérou, vertrueden duerch den Här R. Boever an d‘Madame Chlecq, hunn deen drëtte Chèque entgéint geholl. Déi véiert Associatioun war Käerjeng hëlleft, vertrueden duerch d’Mme Josée-Anne Siebenaler, d’Mme Kihn, an de M. an Mme Kieffer.

D’Suen déi do gespennt goufen, sinn den Erléis vun der alljähreger Ouschtereeër- an Wäffelchersaktioun.