d'Stärewanderung vum "Liäwegen Adventskalenner"

Och an dësem Joer huet de Parverband Ëlwen-Wäiswampech EWe St. François, am Kader vum "Liäwegen Adventskalenner" op eng Stärewanderung zu Leetem ageladen, fir sech op Chrëschtdag astëmmen ze loossen. Jiddereen war häerzlech wëllkomm. Hannert enger vun den Dieren vum Adventskalenner den ganz am Zeechen vum "Schutzengel" stung, ass d'Stärewanderung vun der Kapell bis op d'Grillplatz gang. Besënnlech an a versammelter Gemeinschaft ass den Adventskalennerowend auskléngen gelooss ginn.