D'Lorblummen, een Erliefnispad zu Lellegen

Déi wëll Narzissen, oder "d'Lorblumm" wéi se zu Lellgen genannt gëtt, ass nees an der Kiischpelter Gemeng an an den Ëmgéigenden ze bewonneren, a bidd am Fréijoer een ganzt besonnescht Erliefnisbild. All Joer op Ouschterméinden organiséieren d'Veräiner um Blummefest eng Wanderung unn, déi a Begleedung vu Vertrieder duerch d'Louhecken féiert. Dëss Blumm ass duerch een Reglement verbueden ze plecken. Se steet ënner Naturschutz. Een Spazéiergang lount sech ganz besonnesch, wou um Wee laanscht déi zwou Säiten d'Narzisseblummen hier Käpp am Hang an d'Südostsäit riichten.