Hierschtbiller

Hierscht

De Bësch gloust faarweg an der Sonn,

an d'Schiede gi méi laang.

Geschwënn, dann ass och dee verschwonn,

deen d'Feier ugefaang,

well och dem Hierscht schléit eemol d'Stonn,

an 't gëtt mer 'lo scho baang.

Ass d'Sonn am Wanter nach sou ronn,

si bréngt dach ni eng Saang!

J.R.